E Méindeg, den 22. März hunn d'Kanner aus der Grondschoul Conter, Précoce, Cycle1, Cycle 2, 3 a 4 zwou verschidde Strëmp ugedoën fir hier Solidaritéit mat Persounen, déi den Down Syndrom hunn auszedrécken.
E Méindeg an en Dënschdeg, den 8. an 9. März hu verschidde Klassen vum Cycle 2, 3 a 4 Aktivitéiten zum Thema "Weltfraendag" an Zesummenarbecht mat der Maison Relais an dem Ministère gemaach.
De Kleeschen ass freides de 4. Dezember an d'Conter Schoul komm. D'Kanner hunn dem Kleeschen dobaussen virum Spillschoulsgebäi gesongen a Gedichter opgesot.
Nodeems d'Kanner vum Cycle 3.2 déi éischt 6 Wochen vum Schouljoer aktiv beim Programm "Nachhaltigkeit macht Schule" matgeschafft hunn, krute sie en Donneschdeg, den 29 November hieren Diplom vun der Buergermeeschtesch Madame Zovilé iwwereecht.