Aktivitéiten Cycle 3



Schoulrentrée 22/23

15/09/2022

D'Schoul fänkt nees un.
Donneschdeg, de 15. September 2022.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer.



Grouss Vakanz

15/07/2022

D'Grouss Vakanz ass vum 15. Juli bis de 14. September 2022.
Schéi Vakanz!



Summerfest

06/07/2022

Eist Schoulfest ass en Donneschdeg, de 7. Juli, mëttes vu 15 - 19 Auer.







Grouss Botz

01/04/2022

D'Kanner vun  der Grondschoul maachen zesummen mat der Gemeng Conter an den Eterevertrieder bei der "Grousser Botz" mat.



Internationalen Dag vum Handicap

07/12/2021

Zum internationalen Dag vum Handicap huet d'Maison Relais zesummen mat der Schoul vu Contern de 7. an 8. Dezember verschidden Ateliers organiséiert.
Hei konnten d'Schoulkanner Blannefussball spillen, Gesellschaftsspiller fir Blanner kenneléieren, eng Geschicht mat Störgeräischer lauschteren an e Parcours mam Rollstull maachen.



De Kleeschen kënnt an d'Schoul

03/12/2021

De Kleeschen ass freides den 3. Dezember an d'Conter Schoul komm.
D'Kanner hunn dem Kleeschen gesongen a Gedichter opgesot.





Welt-Down-Syndrom-Dag

21/03/2021

E Méindeg, den 22. März hunn d'Kanner aus der Grondschoul Conter, Précoce, Cycle1, Cycle 2, 3 a 4 zwou verschidde Strëmp ugedoën fir hier Solidaritéit mat Persounen, déi den Down Syndrom hunn auszedrécken.





Weltfraendag

19/03/2021

E Méindeg an en Dënschdeg, den 8. an 9. März hu verschidde Klassen vum Cycle 2, 3 a 4 Aktivitéiten zum Thema "Weltfraendag" an Zesummenarbecht mat der Maison Relais an dem Ministère gemaach.