
Aktivitéiten Cycle 3


Chèque Iwwereechnung "Adventsmaart"
20/01/2020D'Kanner an d'Enseignants vun der Conter Schoul sinn houfreg der Associatioun "Les amis de Gambie" 5500 Eur fir hier Projeten spenden ze kënnen. Dëst ass den Erléis vum Adventsmaart, vum 28. November an der Schoul.
D'Kanner hunn de Chèque dann och e Méindeg den 20. Januar u "Les amis de Gambie" iwwereecht.

Adventsmaart 2019
28/11/2019Dëst Joer ass den Adventsmaart donneschdes, den 28. November zu Conter an der Spillschoul, vu 16.00 bis 19.30 Auer.

Musée: "D'Liewen um bloë Planéit"
02/10/2019Mir waren am Naturmusée a si villes iwwert d'Liewen op der Äerd gewuer ginn. och d'Planéiten waren e wichtegt Thema.

Gromperen
24/09/2019De Cycle 3.1 war en Dënschdeg, de 24. September "op d'Heed" an d'Gromperen an dono bei de Jean-Claude Muller op den Haff zu Conter fir sech iwwert d'Gromperen schlau ze maachen.

Schoulrentrée 2019
16/09/2019D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.
Schoulsportdag 2019
24/05/2019De Schoulsportdag ass dëst Joër freides, de 24. Mee.
Besuch vun der Autorin Meike Haas
10/05/2019E Freideg, den 10. Mee war déi däitsch Kannerbicherautorin Meike Haas zu Besuch an der Conter Schoul. Si huet de Kanner vum Cycle 2 an 3 aus hiere Bicher, ënnert anerem der "Schurkenstraße 7" virgelies.
Hei de Link op hier Homepage: http://www.meike-haas.de/
Grouss Botz
05/04/2019E Freideg virun der Ouschtervakanz, de 5 Abrëll, hunn all d'Klasse vun der Conter Grondschoul un der grousser Botz vun der Gemeng Conter Deel geholl.
Moies war Botzen ugesot a mëttes goufen verschidden Ateliers zum Thema Energie, Offall an Nohaltegkeet organiséiert.

Schlittschong fueren
01/03/2019Den C3.1 ass zesumme mam C4.1 (Klass Martine Flies a Christelle Meyer) op d'Kockelscheier gefuer.