Aktivitéiten Cycle 4





Grouss Botz zu Conter

31/03/2023

E Freideg, den 31. Mäerz hunn d'Schoulkanner vu Conter bei der Grousser Botz gehollef.

Nomëttes waren Ateliers zum Thema "Müll" an der Schoul.







Adventsmaart

24/11/2022

En Donneschdeg, de 24. November war 'Adventsmaart' an der Schoul zu Conter.

Matgemaach hunn d'Klassen vun de Cyclen 1, 2, 3 a 4 an d'Maison Relais.





Scheckiwwerreechung - Schoulsportdag 2022

06/10/2022

En Donneschdeg, de 6. Oktober hunn d'Schoulkanner vu Conter offiziell hier gesammelt Spenden vum Schoulsportdag 2022 un déi 2 Organisatiouen kindernothilfe.lu an LUkraine asbl. iwwerreecht. Deen Dag ware Vertrieder vu béiden Organisatiounen an d'Schoul komm. Zesumme goufen 21.473,60 Euro als Hellëf un d'Ukraine gespend.

De 24. Juni waren d'Kanner um Charity Run vum Schoulsportdag 2043 Ronnen, wat 1549 km entsprecht, gelaf.

E grousse BRAVO fir d'Kanner et an en décke MERCI un all Donateuren!





Schoulrentrée 22/23

15/09/2022

D'Schoul fänkt nees un.
Donneschdeg, de 15. September 2022.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer.



Grouss Vakanz

15/07/2022

D'Grouss Vakanz ass vum 15. Juli bis de 14. September 2022.
Schéi Vakanz!



Summerfest

06/07/2022

Eist Schoulfest ass en Donneschdeg, de 7. Juli, mëttes vu 15 - 19 Auer.







Grouss Botz

01/04/2022

D'Kanner vun  der Grondschoul maachen zesummen mat der Gemeng Conter an den Eterevertrieder bei der "Grousser Botz" mat.