Elterevertrieder





Elterevertrieder Gemeng Contern


D'Elterevertrieder fir d'Schouljoer 2019-2021 sinn:


D'Elterevertrieder goufen am Hierscht 2022 fir 3 Joer vun den Eltere gewielt:

  • Martina Brandenburger
  • Isabelle Wailliez
  • Frédéric Bonsen
  • Yvonne Silva Gomes

Wat ass eis Roll?
Als Elterevertrieder maache mir d’Verbindung tëscht den Elteren, den Enseignanten an der Gemeng. Den Elteren hir Suergen, Froën a Propositioune gi mir un déi betraffe Leit weider. Mir

  • vertrieden d’Elteren a lauschteren hinnen no
  • ënnerstëtzen a verteidegen d’Intérêtë vun eise Kanner
  • huelen u Reunioune vum Schoulkomitee a vun der Schoulkommissioun deel
  • schaffen aktiv mat beim Opstellen an Ëmsetze vum Schoulentwécklungsplang (PDS)
  • diskutéieren, kompletéieren a maachen Zousatzvirschléi zur Schoulorganisatioun

 

Wat ass de legale Kader?


Säit dem Gesetz vum 6. Februar 2009, an deem regelméisseg Informatiounsversammlungen a Konsultatiounen ënnert de verschiddene Schoulpartner verankert sinn, sinn d’Elterevertrieder an d’Liewe geruff ginn, fir de Partenariat tëschent de Familljen an der Schoul ze verstäerken.

Wéi komm der un eis?


Wann dir Froen, Remarquen oder Doléancen hutt, zéckt net eis unzeschwätzen oder eis e Mail ze maachen op d’Adress:

Wat ass den Ënnerscheed tëschent den Elterevertrieder an der APE Contern?


Säit 1987 gëtt et d’asbl “Association des parents d’élèves de l’école fondamentale de la commune de Contern”. Mat Hëllef vu ville Bénévolen engagéiert dës Associatioun sech fir d’Wuel vun de Schüler an organiséiert Fester fir a ronderëm d’Schüler vun der Grondschoul zu Contern. Se gräift och den Enseignanten ënnert d’Äerm bei verschiddenen Aktivitéiten déi vun der Schoul organiséiert ginn.

D’APE an d’Elterevertrieder si Partner, se hu weder de selwechte legale Kader, nach hu se déi selwecht Roll. Verschidden Elterevertrieder sinn och Member vum Conseil d’administration vun der APE.
Flyer_A4_Elternvertreter_2020-1.jpgFlyer_A4_Elternvertreter_2020-2.jpg