Zum internationalen Dag vum Handicap huet d'Maison Relais zesummen mat der Schoul vu Contern de 7. an 8. Dezember verschidden Ateliers organiséiert. Hei konnten d'Schoulkanner Blannefussball spillen, Gesellschaftsspiller fir Blanner kenneléieren, eng Geschicht mat Störgeräischer lauschteren an e Parcours mam Rollstull maachen.
Am Kader vum Projet "In mehreren Sprachen zu Hause" aus dem Sprachfuchs hunn sech d'Schüler aus dem Cycle 4.2 e Wuert erausgesicht. Dëst Wuert hunn si a ganz vill Sproochen iwwersat an mat dem Programm "wortwolken.com" als Wortwolke zesummegesat. Dës Aktivitéit sollt de Schüler weisen wei ënnerschiddlech an awer och ähnlech d'Sproochen ob eiser Welt sinn. Hei sinn déi verschidden Schülerproduktiounen, vill Spaß beim Erroden vum Wuert ;)
E Méindeg, den 22. März hunn d'Kanner aus der Grondschoul Conter, Précoce, Cycle1, Cycle 2, 3 a 4 zwou verschidde Strëmp ugedoën fir hier Solidaritéit mat Persounen, déi den Down Syndrom hunn auszedrécken.
E Méindeg an en Dënschdeg, den 8. an 9. März hu verschidde Klassen vum Cycle 2, 3 a 4 Aktivitéiten zum Thema "Weltfraendag" an Zesummenarbecht mat der Maison Relais an dem Ministère gemaach.
De Kleeschen ass freides de 4. Dezember an d'Conter Schoul komm. D'Kanner hunn dem Kleeschen dobaussen virum Spillschoulsgebäi gesongen a Gedichter opgesot.