Scheckiwwerreechung - Schoulsportdag 2022

06/10/2022

En Donneschdeg, de 6. Oktober hunn d'Schoulkanner vu Conter offiziell hier gesammelt Spenden vum Schoulsportdag 2022 un déi 2 Organisatiouen kindernothilfe.lu an LUkraine asbl. iwwerreecht. Deen Dag ware Vertrieder vu béiden Organisatiounen an d'Schoul komm. Zesumme goufen 21.473,60 Euro als Hellëf un d'Ukraine gespend.

De 24. Juni waren d'Kanner um Charity Run vum Schoulsportdag 2043 Ronnen, wat 1549 km entsprecht, gelaf.

E grousse BRAVO fir d'Kanner et an en décke MERCI un all Donateuren!






» Biller