Aktivitéiten Cycle 4





1,2 oder 3

06/07/2025

D'Schoulkanner vun de Cycle 3.2 Klassen hu mat engem Team bei der Fernsehsendung "1, 2 oder 3" vum ZDF/KiKa matgemaach. D'Sendung gouf an der Bavaria Filmstadt zu München opgeholl a gëtt de 6. Juli op KiKa ausgestrahlt.

Sendetermin:

KiKa: Sonntag, 6. Juli, 17.00 h

ZDF: Sonntag, 14. September, 8.35 h









Nohaltegkeetswoch

31/03/2025

An der Woch vum 31. Mäerz bis 4. Abrëll hunn d'Schoulkanner vu Conter u verschidden Aktivitéiten an Ateliers zum Thema Nohaltegkeet deelgeholl. Eng Aktivitéiet war och "d'Grouss Botz" Aktioun.





Rüdiger Bertram

04/02/2025

Den däitsche Auteur Rüdiger Bertram war bei eis en Dënschdeg, de 4. Februar zu Conter op Besuch.

Hien huet de Schoulkanner aus de Cyclen 2.2, 3 a 4 aus senge Bicher virgelies.

De Rüdiger Bertram lieft mat senger Famill zu Köln. Hie gouf 2022 zum „Lesekünstler des Jahres“ ausgezeechent.





Projet Mini Forêt, Maxi Effet

17/12/2024

De Cycle 4 huet zesumme matt der Gemeng 5 Beem a 5 Hecke geplanzt.

De Projet "Mini Forêt, Maxi Effet" gouf zesumme vu GoodPlanet an dem Rotary Belgique et Luxembourg offreiert.





Lëtz go gold run

28/09/2024

Participatioun beim 'Lëtz go gold run' vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner beim Team 'Lëtz go gold Lilly'.





Schoulrentrée 24/25

15/09/2024

D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September 2024.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.





Grouss Vakanz

15/07/2024

D'Grouss Vakanz ass vum 16. Juli bis de 15. September 2024.
Schéi Vakanz!