
Aktivitéiten Cycle 2


1,2 oder 3
06/07/2025D'Schoulkanner vun de Cycle 3.2 Klassen hu mat engem Team bei der Fernsehsendung "1, 2 oder 3" vum ZDF/KiKa matgemaach. D'Sendung gouf an der Bavaria Filmstadt zu München opgeholl a gëtt de 6. Juli op KiKa ausgestrahlt.
Sendetermin:
KiKa: Sonntag, 6. Juli, 17.00 h
ZDF: Sonntag, 14. September, 8.35 h


Nohaltegkeetswoch
31/03/2025An der Woch vum 31. Mäerz bis 4. Abrëll hunn d'Schoulkanner vu Conter u verschidden Aktivitéiten an Ateliers zum Thema Nohaltegkeet deelgeholl. Eng Aktivitéiet war och "d'Grouss Botz" Aktioun.

Rüdiger Bertram
04/02/2025Den däitsche Auteur Rüdiger Bertram war bei eis en Dënschdeg, de 4. Februar zu Conter op Besuch.
Hien huet de Schoulkanner aus de Cyclen 2.2, 3 a 4 aus senge Bicher virgelies.
De Rüdiger Bertram lieft mat senger Famill zu Köln. Hie gouf 2022 zum „Lesekünstler des Jahres“ ausgezeechent.

Lëtz go gold run
28/09/2024Participatioun beim 'Lëtz go gold run' vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner beim Team 'Lëtz go gold Lilly'.

Schoulrentrée 24/25
15/09/2024D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September 2024.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.



Jochen Till
13/05/2024Den däitsche Schrëftsteller Jochen Till war bei eis zu Conter op Besuch.
E Méindeg, den 13. Mee huet de Jochen Till de Schoulkanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 aus senge Bicher virgelies.
De Jochen Till lieft zu Frankfurt am Main an huet mëttlerweil schonn 80 Kanner- a Jugendbicher geschriwwen a verëffentlecht. Hien gouf rezent op der Leipziger Buchmesse zum „Lesekünstler des Jahres 2024“ ausgezeechent.
Am Cycle 3 a 4 huet hien aus sengem Buch „Luzifer junior: Zu gut für die Hölle“ virgelies an am Cycle 2 huet hien aus dräi vu senge Bicher virgelies: „Die höchstfamose Zoo-Schule“, „T-Rex World. Ach, du dickes Ei!“, „Luzifer junior. Höllisch gute Freunde“.