Aktivitéiten Cycle 2



Kai Pannen op Besuch zu Conter

08/07/2026

Den 12. Juni haten d’Schülerinnen a Schüler d’Freed, den däitschen Auteur an Illustrator Kai Pannen zu Conter ze begréissen. Hien huet Virliesunge fir de Cycle 2.2, de Cycle 3.2 an de Cycle 4.1 gehalen.

Am Cycle 2.2 huet hien aus sengem Buch Zombert in der Schule des Schreckens virgelies. Fir de Cycle 3.2 an de Cycle 4.1 huet hien Auszich aus Andro! Streng geheim! presentéiert.

Well de Kai Pannen seng Bicher och selwer illustréiert, huet hien no all Liesung nach eng flott Zeechnung gemaach. D’Schülerinnen a Schüler waren begeeschtert a konnten dobäi erliewen, wéi eng Illustratioun Schrëtt fir Schrëtt entsteet.





Schoulfest

01/07/2026

Eist Schoulfest ass dëst Joer en Donneschdeg, den 9. Juli vu 15 bis 20 Auer.





Chrëschtvakanz

17/12/2025

Chrëschtvakanz vum 20.12.25 bis de 4.01.26.

Schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht Neit Joer!









Schoulrentrée 25-26

15/09/2025

D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 15. September 2025.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.









1,2 oder 3

06/07/2025

D'Schoulkanner vun de Cycle 3.2 Klassen hu mat engem Team bei der Fernsehsendung "1, 2 oder 3" vum ZDF/KiKa matgemaach. D'Sendung gouf an der Bavaria Filmstadt zu München opgeholl a gëtt de 6. Juli op KiKa ausgestrahlt.

Sendetermin:

KiKa: Sonntag, 6. Juli, 17.00 h

ZDF: Sonntag, 14. September, 8.35 h

Link: https://share.ard-zdf-box.de/s/CpyPtYPEQLRPA7c