
Kai Pannen op Besuch zu Conter
08-07-2026Den 12. Juni haten d’Schülerinnen a Schüler d’Freed, den däitschen Auteur an Illustrator Kai Pannen zu Conter ze begréissen. Hien huet Virliesunge fir de Cycle 2.2, de Cycle 3.2 an de Cycle 4.1 gehalen.
Am Cycle 2.2 huet hien aus sengem Buch Zombert in der Schule des Schreckens virgelies. Fir de Cycle 3.2 an de Cycle 4.1 huet hien Auszich aus Andro! Streng geheim! presentéiert.
Well de Kai Pannen seng Bicher och selwer illustréiert, huet hien no all Liesung nach eng flott Zeechnung gemaach. D’Schülerinnen a Schüler waren begeeschtert a konnten dobäi erliewen, wéi eng Illustratioun Schrëtt fir Schrëtt entsteet.