
Cycle 4.1 um Radio 100,7
21/03/2026Woch vun de Suen: Kanner léiere spueren.
Eng Klass vum Cycle 4.1, Klass Julie Schintgen, war beim Radio 100,7.
Och Kanner wëssen, Sue wuessen net op de Beem a si méi séier ausgi wéi verdéngt. Dacks muss ee seng Suen ausgi fir Rechnungen ze bezuelen oder fir sech Liewensmëttel ze kafen. Wann een duerno nach Suen iwwereg huet, kann ee se ausgi fir eppes, wat ee wëllt – och wann een et net onbedéngt brauch.
Ënnerscheed tëschent Wonsch a Besoin
Gespaant kucken d’Kanner aus dem Cycle 4.1 an der Grondschoul vu Conter op den Tablet an hiren Hänn. Si spille grad “Money Odyssey” – e pädagogescht Spill, wat d’Fondatioun ABBL entwéckelt huet a Kanner vun 10 Joer un dobäi hëllefe soll, Suen an den Ëmgang domat besser ze verstoen.
Virdrun hunn d’Kanner aus der Julie Schintgen hirer Klass schonn eng ganz Rëtsch Saachen iwwer Suen erkläert kritt, an dobäi esou munches geléiert.
Cycle 4.1 um Radio100,7
» Biller