um Website vun der Grondschoul Conter "um Ewent". Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!
Vun Dezember bis März huet d'Moralsklass vum Cycle 3.2 e flotte Projet op d'Been gestallt, fir iwert Thema "Gewalt géint Kanner" opzeklären an ze hellefen.
D'Kanner vum Cycle 3.2 (Klassen Gil Künsch, Monique Mousel/Cindy Reding a Laurent Styr) a vum Cycle 4.2 (Klass Nathalie Weis) waren e Mëttwoch den 18. Januar op Wäiswampech Laanglaf fueren. Dono sinn d'Kanner nach Schlitt gefuer.
E Freideg, den 28. Oktober um 14.30 Auer, gëtt dat neit Schoulgebäi vum Cycle 1 mat integréierter Sportshal ageweit, dëst a Präsenz vun de Ministeren Claude Meisch a Romain Schneider.