Aktivitéiten Cycle 3

De Cycle 3.2 am Musée Tudor
21/06/2017E Mëttwoch, den 21. Juni war de Cycle 3.2 an de Musée Tudor zu Rouspert.
Mëttes hunn d'Kanner nach selwer eng "Solarblumm" gebastelt.
Mammendagskado bastelen
13/06/2017Matt der Ënnerstëtzung vun hire Pappen a Bopien hun d'Schüler e flotte Mammendagskado gebastelt.
Weider Fotoen fannt dir op der Klassesäit Nadia Sauber.

UNICEF Concours Kannerliicht
01/06/2017Kanner aus der Moralsklass vum Cycle 3.2 hun den 1.Praiss gewonnen.

Musical "Rotasia"
20/05/2017D'Schüler vum Cycle 3.2 spillen e Mëttwoch den Owend, den 31. Mee hire Musical "Rotasia" zu Éiter am Centre Culturel.
Ufank: 19.00 Auer
Dir sidd häerzlech wëllkomm.
Schoulsportdag 2017
17/05/2017E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.
Minigolf
25/04/2017De Cycle 3.2 war op Réimech Minigolf spillen.
Weider Fotoen fannt der op eiser Klassesäit.

Gewalt géint Kanner
05/04/2017Vun Dezember bis März huet d'Moralsklass vum Cycle 3.2 e flotte Projet op d'Been gestallt, fir iwert Thema "Gewalt géint Kanner" opzeklären an ze hellefen.

Cycle 3 Semaine d'intégration - Paul Maar
13/03/2017Vum 13. bis 17. Februar hat de Cycle 3 seng Semaine d'Intégration zum Auteur Paul Maar.
De Cycle 3.2 a Cycle 4.2 beim Laanglaf
19/01/2017D'Kanner vum Cycle 3.2 (Klassen Gil Künsch, Monique Mousel/Cindy Reding a Laurent Styr) a vum Cycle 4.2 (Klass Nathalie Weis) waren e Mëttwoch den 18. Januar op Wäiswampech Laanglaf fueren. Dono sinn d'Kanner nach Schlitt gefuer.