
Aktivitéiten Cycle 3


Asa asbl - Aktioun: E Stopp fir e Mupp
22/12/2018E Méindeg, 17. Dezember war d'Madame Bea Prost vun der ASA asbl bei eis an der Schoul fir de Kanner iwwert hier Aktioun: e Stopp fir e Mupp ze schwätzen. Si gouf vum Itou, engem ausgebilten Hond begleet.

Knuedler on Ice
19/12/2018Als Ofschloss vum 1. Trimester waren d'Kanner vum Cycle 3.2 e Mëttwoch op de Knuedler Schlittschong fueren.
Hei e puer Fotoen.

Wollefszant op DVD
06/12/2018Den Alex Espigares , Réalisateur vum Film "Wollefszant" ass dëse Samschdeg, den 8.12.2018 tëscht 15.00 an 17.00 Auer an der Belle Etoile beim Ernster fir d'DVD vun sengem Film virzestellen an ze signéieren.


Pilzwanderung
27/09/2018En Donneschdeg, de 27. September hunn d'Kanner vum Cycle 3.2 eng Pilzwanderung mam Fernand Schiltz duerch de Méidenger Bësch gemaach.

Drauwelies
22/09/2018E Mëttwoch war de Cycle 3.2 op Réimech an den Institut Viti-Vinicole an d'Drauwelies.

Schoulrentrée
17/09/2018Méindes, de 17. September 2018 fänkt d'Schoul nees un.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.

Schoulfest 2018
12/07/2018Dëst Joer ass d'Schoulfest donneschdes, den 12. Juli vu 15 - 20 Auer zu Conter an der Schoul.