
Aktivitéiten Cycle 1


Grouss Botz
01/04/2022D'Kanner vun der Grondschoul maachen zesummen mat der Gemeng Conter an den Eterevertrieder bei der "Grousser Botz" mat.

De Kleeschen kënnt an d'Schoul
03/12/2021De Kleeschen ass freides den 3. Dezember an d'Conter Schoul komm.
D'Kanner hunn dem Kleeschen gesongen a Gedichter opgesot.
Welt-Down-Syndrom-Dag
21/03/2021E Méindeg, den 22. März hunn d'Kanner aus der Grondschoul Conter, Précoce, Cycle1, Cycle 2, 3 a 4 zwou verschidde Strëmp ugedoën fir hier Solidaritéit mat Persounen, déi den Down Syndrom hunn auszedrécken.

De Kleeschen kënnt an d'Schoul
15/11/2020De Kleeschen ass freides de 4. Dezember an d'Conter Schoul komm.
D'Kanner hunn dem Kleeschen dobaussen virum Spillschoulsgebäi gesongen a Gedichter opgesot.

Schoulrentrée 2020
09/09/2020D'Schoul fänkt nees un.
Dënschdeg, de 15. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10.


Chèque Iwwereechnung "Adventsmaart"
20/01/2020D'Kanner an d'Enseignants vun der Conter Schoul sinn houfreg der Associatioun "Les amis de Gambie" 5500 Eur fir hier Projeten spenden ze kënnen. Dëst ass den Erléis vum Adventsmaart, vum 28. November an der Schoul.
D'Kanner hunn de Chèque dann och e Méindeg den 20. Januar u "Les amis de Gambie" iwwereecht.

Adventsmaart 2019
28/11/2019Dëst Joer ass den Adventsmaart donneschdes, den 28. November zu Conter an der Spillschoul, vu 16.00 bis 19.30 Auer.

Schoulrentrée 2019
16/09/2019D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.