
Aktivitéiten Cycle 1


neie Bushoraire - Linn 5
30/09/2025Vun e Méindeg, dem 6. Oktober fiert eng nei Buslinn, Linn 5, an d'Cité "an de Steng" zu Conter.
Hei eng aktualiséiert Versioun vun November 2025.

Schoulrentrée 25-26
15/09/2025D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 15. September 2025.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.



Nohaltegkeetswoch
31/03/2025An der Woch vum 31. Mäerz bis 4. Abrëll hunn d'Schoulkanner vu Conter u verschidden Aktivitéiten an Ateliers zum Thema Nohaltegkeet deelgeholl. Eng Aktivitéiet war och "d'Grouss Botz" Aktioun.

Lice a Semp
28/11/2024Den 21. November waren d’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann an der Schoul zu Conter op Besuch fir de Kanner vum Cycle 1 hir Geschicht „Lice & Semp“ ze präsentéieren. „Lice & Semp“ ass e Wuertspill an ass op dat italieenescht Wuert „semplice“ zeréckzeféieren, wat souvill wéi “einfach“ bedeit.

Lëtz go gold run
28/09/2024Participatioun beim 'Lëtz go gold run' vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner beim Team 'Lëtz go gold Lilly'.

Schoulrentrée 24/25
15/09/2024D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September 2024.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.
