Wëllkomm…


um Website vun der Grondschoul Conter "um Ewent".
Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!

Aktuell News



Grouss Botz

01/04/2022

D'Kanner vun  der Grondschoul maachen zesummen mat der Gemeng Conter an den Eterevertrieder bei der "Grousser Botz" mat.



Internationalen Dag vum Handicap

07/12/2021

Zum internationalen Dag vum Handicap huet d'Maison Relais zesummen mat der Schoul vu Contern de 7. an 8. Dezember verschidden Ateliers organiséiert.
Hei konnten d'Schoulkanner Blannefussball spillen, Gesellschaftsspiller fir Blanner kenneléieren, eng Geschicht mat Störgeräischer lauschteren an e Parcours mam Rollstull maachen.



De Kleeschen kënnt an d'Schoul

03/12/2021

De Kleeschen ass freides den 3. Dezember an d'Conter Schoul komm.
D'Kanner hunn dem Kleeschen gesongen a Gedichter opgesot.





Schoulrentrée 2021

19/08/2021

D'Schoul fänkt nees un.
Mëttwoch, de 15. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vu 14.10 bis 16 Auer.





Grouss Vakanz

15/07/2021

D'Grouss Vakanz ass vum 15. Juli bis de 14. September.
Schéi Vakanz!



Wortwolke "In mehreren Sprachen zu Hause"

17/05/2021

Am Kader vum Projet "In mehreren Sprachen zu Hause" aus dem Sprachfuchs hunn sech d'Schüler aus dem Cycle 4.2 e Wuert erausgesicht. Dëst Wuert hunn si a ganz vill Sproochen iwwersat an mat dem Programm "wortwolken.com" als Wortwolke zesummegesat. Dës Aktivitéit sollt de Schüler weisen wei ënnerschiddlech an awer och ähnlech d'Sproochen ob eiser Welt sinn. Hei sinn déi verschidden Schülerproduktiounen, vill Spaß beim Erroden vum Wuert ;)



Welt-Down-Syndrom-Dag

21/03/2021

E Méindeg, den 22. März hunn d'Kanner aus der Grondschoul Conter, Précoce, Cycle1, Cycle 2, 3 a 4 zwou verschidde Strëmp ugedoën fir hier Solidaritéit mat Persounen, déi den Down Syndrom hunn auszedrécken.









Informationounen:

Kalenner & Sorties scolaires

 

chevron_left
chevron_right


» zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche