
Schoulrentrée 24/25
15/09/2024D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September 2024.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.
D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September 2024.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.
Den däitsche Schrëftsteller Jochen Till war bei eis zu Conter op Besuch.
E Méindeg, den 13. Mee huet de Jochen Till de Schoulkanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 aus senge Bicher virgelies.
De Jochen Till lieft zu Frankfurt am Main an huet mëttlerweil schonn 80 Kanner- a Jugendbicher geschriwwen a verëffentlecht. Hien gouf rezent op der Leipziger Buchmesse zum „Lesekünstler des Jahres 2024“ ausgezeechent.
Am Cycle 3 a 4 huet hien aus sengem Buch „Luzifer junior: Zu gut für die Hölle“ virgelies an am Cycle 2 huet hien aus dräi vu senge Bicher virgelies: „Die höchstfamose Zoo-Schule“, „T-Rex World. Ach, du dickes Ei!“, „Luzifer junior. Höllisch gute Freunde“.
D'Kanner aus der Grondschoul hunn der Fondatioun "Kriibskrank Kanner" e Chèque vun 2000 Eur iwwerreecht. Dëst vun hierem Erléis vum Adventsmaart 2023.
D'Schoulkanner hunn e Freideg, den 29. Mäerz un der "Grousser Botz" vun der Gemeng Conter deelgeholl.
Déi nei geplanzte Beem sinn ageweit ginn. D'Schoulkanner vum Cycle 2.1 hu Blummeknollen am Schoulhaff geplanzt.