
Schoulrentrée 25-26
15/09/2025D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 15. September 2025.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.
D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 15. September 2025.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.
D'Schoulkanner vun de Cycle 3.2 Klassen hu mat engem Team bei der Fernsehsendung "1, 2 oder 3" vum ZDF/KiKa matgemaach. D'Sendung gouf an der Bavaria Filmstadt zu München opgeholl a gëtt de 6. Juli op KiKa ausgestrahlt.
Sendetermin:
KiKa: Sonntag, 6. Juli, 17.00 h
ZDF: Sonntag, 14. September, 8.35 h
Link: https://share.ard-zdf-box.de/s/CpyPtYPEQLRPA7c
An der Woch vum 31. Mäerz bis 4. Abrëll hunn d'Schoulkanner vu Conter u verschidden Aktivitéiten an Ateliers zum Thema Nohaltegkeet deelgeholl. Eng Aktivitéiet war och "d'Grouss Botz" Aktioun.
Den däitsche Auteur Rüdiger Bertram war bei eis en Dënschdeg, de 4. Februar zu Conter op Besuch.
Hien huet de Schoulkanner aus de Cyclen 2.2, 3 a 4 aus senge Bicher virgelies.
De Rüdiger Bertram lieft mat senger Famill zu Köln. Hie gouf 2022 zum „Lesekünstler des Jahres“ ausgezeechent.
De Cycle 4 huet zesumme matt der Gemeng 5 Beem a 5 Hecke geplanzt.
De Projet "Mini Forêt, Maxi Effet" gouf zesumme vu GoodPlanet an dem Rotary Belgique et Luxembourg offreiert.
Den 21. November waren d’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann an der Schoul zu Conter op Besuch fir de Kanner vum Cycle 1 hir Geschicht „Lice & Semp“ ze präsentéieren. „Lice & Semp“ ass e Wuertspill an ass op dat italieenescht Wuert „semplice“ zeréckzeféieren, wat souvill wéi “einfach“ bedeit.
Participatioun beim 'Lëtz go gold run' vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner beim Team 'Lëtz go gold Lilly'.