Schoulsportdag 2016

25/03/2016

E Freideg, 25. März war de Schoulsportdag 2016, deen dëst Joer ganz ënnert dem Zeechen vum Télévie stong.

Moies hunn d'Schoulkanner sech als éischt an engem peppegen Atelier mat Musek opgewiermt.
Dono sinn d'Kanner a ville flotte Sportsateliers géinteneen ugetrueden an hunn Häerzer gesammelt. Dës Häerzer sinn dono vu Sponsoren an Euros ëmgetosch ginn an esou konnten d'Kanner um Enn vum Dag hieren Don un Télévie presentéieren.

Nomëttes war d'Chèqueiwwereechung a Präsenz vum Buergermeeschter an e klenge Laf rondrëm d'Schoul.


» Biller