Aktivitéiten Cycle 1
Grouss Botz zu Conter
31/03/2023E Freideg, den 31. Mäerz hunn d'Schoulkanner vu Conter bei der Grousser Botz gehollef.
Nomëttes waren Ateliers zum Thema "Müll" an der Schoul.
Adventsmaart
24/11/2022En Donneschdeg, de 24. November war 'Adventsmaart' an der Schoul zu Conter.
Matgemaach hunn d'Klassen vun de Cyclen 1, 2, 3 a 4 an d'Maison Relais.
Scheckiwwerreechung - Schoulsportdag 2022
06/10/2022En Donneschdeg, de 6. Oktober hunn d'Schoulkanner vu Conter offiziell hier gesammelt Spenden vum Schoulsportdag 2022 un déi 2 Organisatiouen kindernothilfe.lu an LUkraine asbl. iwwerreecht. Deen Dag ware Vertrieder vu béiden Organisatiounen an d'Schoul komm. Zesumme goufen 21.473,60 Euro als Hellëf un d'Ukraine gespend.
De 24. Juni waren d'Kanner um Charity Run vum Schoulsportdag 2043 Ronnen, wat 1549 km entsprecht, gelaf.
E grousse BRAVO fir d'Kanner et an en décke MERCI un all Donateuren!
Schoulrentrée 22/23
15/09/2022D'Schoul fänkt nees un.
Donneschdeg, de 15. September 2022.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer.
Grouss Botz
01/04/2022D'Kanner vun der Grondschoul maachen zesummen mat der Gemeng Conter an den Eterevertrieder bei der "Grousser Botz" mat.
De Kleeschen kënnt an d'Schoul
03/12/2021De Kleeschen ass freides den 3. Dezember an d'Conter Schoul komm.
D'Kanner hunn dem Kleeschen gesongen a Gedichter opgesot.