
Aktuell News


Besuch am Science Center Déifferdeng
25/01/2019De 25. Januar ass d'Klass vum Cycle 4.1 (Flies-Meyer) an de Science Center op Déifferdeng gefuer. Do hu se eng Elektrik- an eng Mathésvirstellung besicht.


Asa asbl - Aktioun: E Stopp fir e Mupp
22/12/2018E Méindeg, 17. Dezember war d'Madame Bea Prost vun der ASA asbl bei eis an der Schoul fir de Kanner iwwert hier Aktioun: e Stopp fir e Mupp ze schwätzen. Si gouf vum Itou, engem ausgebilten Hond begleet.

Knuedler on Ice
19/12/2018Als Ofschloss vum 1. Trimester waren d'Kanner vum Cycle 3.2 e Mëttwoch op de Knuedler Schlittschong fueren.
Hei e puer Fotoen.

Wollefszant op DVD
06/12/2018Den Alex Espigares , Réalisateur vum Film "Wollefszant" ass dëse Samschdeg, den 8.12.2018 tëscht 15.00 an 17.00 Auer an der Belle Etoile beim Ernster fir d'DVD vun sengem Film virzestellen an ze signéieren.


Chefredakter fir een Dag
20/11/2018De Cycle 4.1 op Besuch beim "Luxemburger Wort" am Kader vum Weltkannerdag a vum Projet "Chefredakter fir een Dag".
weider Informatiounen
» Biller

Weekend zu Ierpeldéng
19/10/2018De Weekend vum 19.-20. Oktober huet d'Klass vum Cycle 4.1 en Ausfluch mat Iwwernuechtung zu Ierpeldeng gemaach.
