Den Educatiounsminister Här Claude Meisch war haut op Visite an der Conter Schoul. Hien huet Klassen aus all Cycle besicht an dobäi en Tour duerch d'Schoul gemaach.
E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.