Aktivitéiten Cycle 4



En digitalen Adventskalenner mat Chrëschtdagsbräuche

25/11/2019

Am Kader vun den Atelieren zum Thema Chrëschtdag am Cycle 4, hunn déi verschidden Gruppen en digitalen Adventskalenner erstallt. Hannert all Dierchen erwaart iech een Chrëschtdagsbrauch aus der Welt, deen Schüler entweder erkläert oder als klengen Sketch opgefouert hunn.
Einfach op de Link drécken, den QR Code scannen an kucken. Vill Spaß!

Grupp 1: https://adventmyfriend.com/76603/61e34a1aa3/

Grupp 2: https://adventmyfriend.com/80120/04f1ffe749/

Grupp 3: https://adventmyfriend.com/84637/e8647a70cc/

Grupp 4: https://adventmyfriend.com/94804/9467172581/






 





Schoulrentrée 2019

16/09/2019

D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.















Grouss Botz

05/04/2019

E Freideg virun der Ouschtervakanz, de 5 Abrëll, hunn all d'Klasse vun der Conter Grondschoul un der grousser Botz vun der Gemeng Conter Deel geholl.
Moies war Botzen ugesot a mëttes goufen verschidden Ateliers zum Thema Energie, Offall an Nohaltegkeet organiséiert.



Schlittschong fueren

01/03/2019

Den C3.1 ass zesumme mam C4.1 (Klass Martine Flies a Christelle Meyer) op d'Kockelscheier gefuer.



Besuch am Science Center Déifferdeng

25/01/2019

De 25. Januar ass d'Klass vum Cycle 4.1 (Flies-Meyer) an de Science Center op Déifferdeng gefuer. Do hu se eng Elektrik- an eng Mathésvirstellung besicht.