Aktivitéiten Cycle 3



Schoulsportdag 2018

18/05/2018

E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter.
Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf.
Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.



Grosbusch Kids

09/05/2018

D'Kanner vum Cycle 3.1 hunn d'Firma Grosbusch zu Elleng besicht an um Programm "Grosbusch kids" deel geholl, wou si vill iwwer Uebst a Geméis gewuer gi sinn.









Chrëschtmaart 2017

31/12/2017

Chrëschtmaart an der Conter Grondschoul, Donneschdeg, de 14. Dezember vu 16.00 bis 20.00 Auer am Gebäi vum Cycle 1.



Mëllechwoch (Dezember 2017)

12/12/2017

Am Kader vun der Mëlllechwoch, hunn d'Schoulkanner vum Cycle 3.1 de "Faerschthaff" zu Conter besicht. Hei kruten sie Erklärungen zur Mëllechproduktioun, awer och zum Bauerenhaff am Allgemengen.



De Kleeschen

05/12/2017

Haut, Méindeg 4. Dezember war de Kleeschen bei eis zu Conter an der Schoul.



De Kleeschen am Cycle 3

05/12/2017

D'Kanner vum Cycle 3 hunn dem Kleeschen e puer flott Lidder gesongen a kruten als Belounung eng gutt "Tiitchen".



1, 2 oder 3 (Fernsehsendung)

13/11/2017

D’ “1, 2 oder 3” Sendung vum Cycle 3.2 vu Conter gëtt folgend Deeg gewisen:
(Klasse Monique Mousel/Cindy Reding-Gil Künsch)


    ZDF:  Sa. 2/12/17 um 7.55 h
    Kika: So. 3/12/17 um 17.35 h