
Aktivitéiten Cycle 2


Asa asbl - Aktioun: E Stopp fir e Mupp
22/12/2018E Méindeg, 17. Dezember war d'Madame Bea Prost vun der ASA asbl bei eis an der Schoul fir de Kanner iwwert hier Aktioun: e Stopp fir e Mupp ze schwätzen. Si gouf vum Itou, engem ausgebilten Hond begleet.


Schoulrentrée
17/09/2018Méindes, de 17. September 2018 fänkt d'Schoul nees un.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.

Schoulfest 2018
12/07/2018Dëst Joer ass d'Schoulfest donneschdes, den 12. Juli vu 15 - 20 Auer zu Conter an der Schoul.

Schoulsportdag 2018
18/05/2018E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter.
Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf.
Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.
Visite vum Educatiounsminister Här Claude Meisch zu Conter
26/02/2018Den Educatiounsminister Här Claude Meisch war haut op Visite an der Conter Schoul. Hien huet Klassen aus all Cycle besicht an dobäi en Tour duerch d'Schoul gemaach.

Chrëschtmaart 2017
31/12/2017Chrëschtmaart an der Conter Grondschoul, Donneschdeg, de 14. Dezember vu 16.00 bis 20.00 Auer am Gebäi vum Cycle 1.