
Aktuell News


Chefredakter fir een Dag
20/11/2018De Cycle 4.1 op Besuch beim "Luxemburger Wort" am Kader vum Weltkannerdag a vum Projet "Chefredakter fir een Dag".
weider Informatiounen
» Biller

Weekend zu Ierpeldéng
19/10/2018De Weekend vum 19.-20. Oktober huet d'Klass vum Cycle 4.1 en Ausfluch mat Iwwernuechtung zu Ierpeldeng gemaach.

Pilzwanderung
27/09/2018En Donneschdeg, de 27. September hunn d'Kanner vum Cycle 3.2 eng Pilzwanderung mam Fernand Schiltz duerch de Méidenger Bësch gemaach.

Drauwelies
22/09/2018E Mëttwoch war de Cycle 3.2 op Réimech an den Institut Viti-Vinicole an d'Drauwelies.

Schoulrentrée
17/09/2018Méindes, de 17. September 2018 fänkt d'Schoul nees un.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.

Schoulfest 2018
12/07/2018Dëst Joer ass d'Schoulfest donneschdes, den 12. Juli vu 15 - 20 Auer zu Conter an der Schoul.

Schoulsportdag 2018
18/05/2018E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter.
Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf.
Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.

Grosbusch Kids
09/05/2018D'Kanner vum Cycle 3.1 hunn d'Firma Grosbusch zu Elleng besicht an um Programm "Grosbusch kids" deel geholl, wou si vill iwwer Uebst a Geméis gewuer gi sinn.
Visite vum Educatiounsminister Här Claude Meisch zu Conter
26/02/2018Den Educatiounsminister Här Claude Meisch war haut op Visite an der Conter Schoul. Hien huet Klassen aus all Cycle besicht an dobäi en Tour duerch d'Schoul gemaach.
