E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.
D'Kanner vum Cycle 3.2 (Klassen Gil Künsch, Monique Mousel/Cindy Reding a Laurent Styr) a vum Cycle 4.2 (Klass Nathalie Weis) waren e Mëttwoch den 18. Januar op Wäiswampech Laanglaf fueren. Dono sinn d'Kanner nach Schlitt gefuer.
E Freideg, den 28. Oktober um 14.30 Auer, gëtt dat neit Schoulgebäi vum Cycle 1 mat integréierter Sportshal ageweit, dëst a Präsenz vun de Ministeren Claude Meisch a Romain Schneider.
Fir eis un d'Thema vun de Galloréimer erunzetaaschten, hu mir mol gekuckt wat een aus den Asterix an Obelix Bicher iwwer d'Réimer erausfennt. Eis sin eng ganz Rei Saachen opgefall, déi bei de Kelten (Gallier) an eise Géigenden nach aneschters woren wéi elo an der Réimerzäit.