Aktivitéiten Cycle 3



Jochen Till

13/05/2024

Den däitsche Schrëftsteller Jochen Till war bei eis zu Conter op Besuch.

E Méindeg, den 13. Mee huet de Jochen Till de Schoulkanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 aus senge Bicher virgelies.

De Jochen Till lieft zu Frankfurt am Main an huet mëttlerweil schonn 80 Kanner- a Jugendbicher geschriwwen a verëffentlecht. Hien gouf rezent op der Leipziger Buchmesse zum „Lesekünstler des Jahres 2024“ ausgezeechent.

Am Cycle 3 a 4 huet hien aus sengem Buch „Luzifer junior: Zu gut für die Hölle“ virgelies an am Cycle 2 huet hien aus dräi vu senge Bicher virgelies: „Die höchstfamose Zoo-Schule“, „T-Rex World. Ach, du dickes Ei!“, „Luzifer junior. Höllisch gute Freunde“.







Grouss Botz

29/03/2024

D'Schoulkanner hunn e Freideg, den 29. Mäerz un der "Grousser Botz" vun der Gemeng Conter deelgeholl.







Kleeschen

06/12/2023

De 5. Dezember war de Kleeschen bei de Kanner zu Conter an der Schoul





Adventsmaart 2023

23/11/2023

Adventsmaart - Donneschdeg, den 23. November, vu 16 h un.









Schoulrentrée 23/24

14/09/2023

D'Schoul fänkt nees un.
Freideg, de 15. September 2023.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.





Theaterowend

07/07/2023

Theaterowend Cycle 3.2

Eiter - Centre Culturel - 19.00 h