E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter. Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf. Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.
Den Educatiounsminister Här Claude Meisch war haut op Visite an der Conter Schoul. Hien huet Klassen aus all Cycle besicht an dobäi en Tour duerch d'Schoul gemaach.
E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.
E Freideg, den 28. Oktober um 14.30 Auer, gëtt dat neit Schoulgebäi vum Cycle 1 mat integréierter Sportshal ageweit, dëst a Präsenz vun de Ministeren Claude Meisch a Romain Schneider.