Aktivitéiten Cycle 1
Schoulrentrée
17/09/2018Méindes, de 17. September 2018 fänkt d'Schoul nees un.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.
Schoulfest 2018
12/07/2018Dëst Joer ass d'Schoulfest donneschdes, den 12. Juli vu 15 - 20 Auer zu Conter an der Schoul.
Schoulsportdag 2018
18/05/2018E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter.
Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf.
Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.
Visite vum Educatiounsminister Här Claude Meisch zu Conter
26/02/2018Den Educatiounsminister Här Claude Meisch war haut op Visite an der Conter Schoul. Hien huet Klassen aus all Cycle besicht an dobäi en Tour duerch d'Schoul gemaach.
Chrëschtmaart 2017
31/12/2017Chrëschtmaart an der Conter Grondschoul, Donneschdeg, de 14. Dezember vu 16.00 bis 20.00 Auer am Gebäi vum Cycle 1.
Schoulsportdag 2017
17/05/2017E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.
Aweiung Cycle 1
18/10/2016E Freideg, den 28. Oktober um 14.30 Auer, gëtt dat neit Schoulgebäi vum Cycle 1 mat integréierter Sportshal ageweit, dëst a Präsenz vun de Ministeren Claude Meisch a Romain Schneider.