Aktuell News
Grouss Botz
01/04/2022D'Kanner vun der Grondschoul maachen zesummen mat der Gemeng Conter an den Eterevertrieder bei der "Grousser Botz" mat.
Internationalen Dag vum Handicap
07/12/2021Zum internationalen Dag vum Handicap huet d'Maison Relais zesummen mat der Schoul vu Contern de 7. an 8. Dezember verschidden Ateliers organiséiert.
Hei konnten d'Schoulkanner Blannefussball spillen, Gesellschaftsspiller fir Blanner kenneléieren, eng Geschicht mat Störgeräischer lauschteren an e Parcours mam Rollstull maachen.
De Kleeschen kënnt an d'Schoul
03/12/2021De Kleeschen ass freides den 3. Dezember an d'Conter Schoul komm.
D'Kanner hunn dem Kleeschen gesongen a Gedichter opgesot.
Schoulrentrée 2021
19/08/2021D'Schoul fänkt nees un.
Mëttwoch, de 15. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vu 14.10 bis 16 Auer.
Wortwolke "In mehreren Sprachen zu Hause"
17/05/2021Am Kader vum Projet "In mehreren Sprachen zu Hause" aus dem Sprachfuchs hunn sech d'Schüler aus dem Cycle 4.2 e Wuert erausgesicht. Dëst Wuert hunn si a ganz vill Sproochen iwwersat an mat dem Programm "wortwolken.com" als Wortwolke zesummegesat. Dës Aktivitéit sollt de Schüler weisen wei ënnerschiddlech an awer och ähnlech d'Sproochen ob eiser Welt sinn. Hei sinn déi verschidden Schülerproduktiounen, vill Spaß beim Erroden vum Wuert ;)
Wortwolken.pdf(16.26 MB)
Welt-Down-Syndrom-Dag
21/03/2021E Méindeg, den 22. März hunn d'Kanner aus der Grondschoul Conter, Précoce, Cycle1, Cycle 2, 3 a 4 zwou verschidde Strëmp ugedoën fir hier Solidaritéit mat Persounen, déi den Down Syndrom hunn auszedrécken.